Dr Danièle de la Hamette

Aktivitéit

Mir behandelen all Krankheeten aus dem Beräich vun der Médecine Interne, mee haaptsächlech d’Zockerkrankheet, Schilddrüseproblemer a Gefäßkrankheeten

Speziell Consultatiounen:
Diabetes an der Schwangerschaft, den diabetische Fouss, funktionell Insulinbehandlung, Insulinpompelen, Iwwergewiicht, Schilddrüsekrankheeten, Gefäßkrankheeten, Check-up

Diagnostik:, Holter vum Bluttzocker, Ultraschall vun der Schilddrüs, Arteriellen a venösen Doppler, Ultraschall vum Bauch, Mospigelung

Patienteschulungen:
Mir bidden onse Patienten, zesumme mat der Equipe vun der Clinique du Diabète, Patienteschulungen un, individuell an an der Grupp, mat Informatiounen zur Zockerkrankheet: BZ Moossung an Injektiounen, Ernährung, Diabetes an der Schwangerschaft (zesumme mat der Clinique Bohler), funktionell Insulinbehandlung, CGM an Insulinpompelen

Diabetesche Fouss:
Zesumme mat der Clinique du Pied Diabétique an dem Service de Chirurgie Vasculaire bidde mir e regelmäßigen Depistage mat Diagnostik a Behandlung vum diabetische Fouss

Hospitalisatiounen:
Falls Ären Zoustand dat erfuerdert kenne mir Iech am Hôpital Kirchberg hospitaliséieren